Dernière modification le
Besuch vum Minister Claude Meisch am Kanner- a Jugendrot vun AITIA
Den 22. Juli 2026 war de Minister Claude Meisch op Besuch bei AITIA, fir sech mam Kanner- a Jugendrot auszetauschen.
Am Kader vu sengem Besuch hat de Minister d'Geleeënheet de Kanner a Jugendlechen hir Projeten, Iddien a Perspektive kennen ze léieren.
D'Kanner an d'Jugendlech hunn hir Erfahrungen, Projeten di si an den leschten Joeren konnten ëmsetzen, a Proposen virgestallt a sou wäertvoll Ablécker an hir Liewensrealitéit ginn. Dësen Austausch huet d'Wichtegkeet ervirgehuewen, déi Jonk aktiv an Entscheedungsprozesser anzebannen an hinnen d'Méiglechkeet ze ginn, hir Stëmm anzebréngen a gehéiert ze ginn.
AITIA seet dem Minister Claude Meisch villmools Merci fir säi Besuch an den interessanten a konstruktiven Dialog mat de Kanner a Jugendlechen.